D'Auswierkungen
Cliquez ici pour la version française.
Erneierbar Energien, an aktuellen an zukünftege Formen, sinn, aus allsäits bekannte Grënn, eis Zukunft. Et ass allerdéngs wichteg, dass hiren Opbau op en einfache Prinzip, op dee vum Respekt, baséiert.
De Respekt virun der Natur, de Respekt virum Mënsch an de Respekt virun der Ëmwelt schéngen net ëmmer déi néideg Wichtegkeet ze kréien.
De Wandpark, vun deem hei riets geet („Diffwand“), ewéi all anere Wandpark, deen ënnert ähnleche Konditioune soll opgeriicht ginn, verursaacht grouss Onsécherheete wéinst den Auswierkungen, déi dës Monsteren aus Stol kënnen hunn.
Mir denken, dass et wichteg ass d'Auswierkunge vum Wandpark, déi mir hei ënnen drënner a véier representative Kategorien erklären, ze kennen a gutt ze verstoen. Esou ginn d'Grënn verständlech firwat d'Distanz vu Wandenergieanlage par Rapport zu geschützten a bewunnte Gebidder enorm wichteg ass.