Wandkraaft ass keng Spillsaach.

L'énergie éolienne n'est pas un jouet.

Cliquez ICI POur Lire le Site en Francais

 
WPO_GirlWindmill.jpg

Wandtastesch?
Net sëcher!

Wandtastesch? ass eng Biergerinitiativ déi mär gegrënnt hunn, mat dem Zil Aussoen a Fakten zesummenzedroen iwwert industriell Wandrieder esou wéi iwwert hir negativ Impakter.

Eist Objektiv ass de Schutz vun der Natur an den Awunner an der Ëmgéigend vun industrielle Wandrieder zu Lëtzebuerg. Mär sëtzen eis an fir eng Reglementatioun vun engem Mindestofstand deen 10x der Héicht vum Wandrad entsprécht.

Ventastique?
Pas sûr!

Wandtastesch? est une 'Biergerinitiativ' que nous avons créée dans le but de rassembler les témoignages et faits concernant les éoliennes et leurs impacts négatifs.

Notre objectif est de protéger la nature et les habitants à proximité de ces éoliennes, au Grand-Duché de Luxembourg, en promouvant une réglementation rendant obligatoire une distance minimale d’implantation équivalent à 10x la hauteur de l’éolienne.

Version française du site

 

Firwat dogéint?

D'Biergerinitiativ Wandtastesch? A.s.b.l, déi mir representéieren, ass net géint Wandrieder an nach manner géint erneierbar Energien.

Ier mer se gegrënnt hunn, hate mer keng Erfarung mat Wandrieder an hunn einfach just geduecht, dass erneierbar Energien nëmme positiv fir d'Natur a gutt fir d'Mënschheet wieren.

Allerdéngs hu mer et néideg fonnt dës Biergerinitiativ ze grënnen, well et am Zesummenhang mam Projet „Diffwand“ Inkohärenzen an e Manktem un Informatioun vu Säite vun der Gemengeverwaltung gëtt.

Eis Recherchen hunn dozou gefouert, dass mir eis Froe gestallt hunn iwwert d'Relatioun tëscht der Proximitéit vu Wandrieder an de Konsequenze vun dësen.

Wat mer erausfonnt hunn, huet eis dozou beweegt, dass mer kategoresch géint de Bau vu Wandrieder an der direkter Noperschaft vu Schutzgebitter (Natura 2000 an Naturschutzzonen) a Wunngebidder sinn.

Duerch den Impakt vu Wandrieder op d'Natur, d'Ëmwelt an d'Gesondheet muss zu all Ament de Precautiounsprinzip iwwert alle politeschen, finanziellen an anere Beweeggrënn stoen.

 

D'Konsequenzen

 
 
 
 

Nature

Et kann een d'Natur net just hallef wëllen. Entweder et schützt ee se, oder et zerstéiert ee se. D'Natura 2000 Zone si geschaf ginn, fir d'Biodiversitéit an d'Aartevillfalt an engem Naturraum an deem de Mënsch weder baut nach wirtschaftlech aktiv gëtt ze erhalen.

 

 

Kaméidi

De konstante Kaméidi vu Wandrieder, deen dacks mat engem Motor vun engem Fliger verglach gëtt, ass leider net deen Impakt, deen dës hunn. Et gëtt eng nach méi schiedlech Konsequenz op d'Gesondheet vu Mënsch an Déier, och wann een dës net héiert: den Infraschall.

 

 

Optik

Déi impressionnant Dimensioune vu Wandrieder, déi 200 Meter héich sinn a Propeller vun 130 Meter hunn, an doduerch ästhetesch diskutabel sinn, hunn als Konsequenz, dass grouss Fläche vum Schiet vun de Wandrieder ëmmer nees gesträift ginn an dat deels iwwert Distanze vun e puer Kilometer ewech.

 

 

Zukunft

D'Opriichte vun dëse Monsteren aus Stol, ouni Reglementer a Gesetzer, stellt d'Zukunft vu Déieren a Planzen, genee ewéi déi vum Mënsch, an hirer direkter Noperschaft a Fro.

Erneierbar Energië sinn eis Zukunft a se musse virun ausgebaut ginn, allerdéngs net op Käschte vun Natur an Ëmwelt.

 
 
 

WIELT ÄR ZUKUNFT!

Ënnerschreiwt eis Petitioun

 
WPO_BG_lavachequirit.png